Archive for January, 2008
7 Meter Pyramid mat Schampesglieser
Posted in Natur a Konscht on 28 January 2008 by qwinnHarry Enfield
Posted in Lëschteges on 26 January 2008 by qwinnFir gewéinlech schreift ee jo just iwwert en eenzelne Video, dee besonnesch ervirstécht, mee beim Harry Enfield ass d’Wiel einfach ze schwéier, all seng Sketcher si fir sech ze rullen, op d’mannst déi mat méi wéi 10.000 Visiteuren. Kuckt se all um Spaweck.
Lolkazen
Posted in Lëschteges on 25 January 2008 by qwinnEt gëtt der ëmmer méi a se schwätzen e komescht Englesch: Lolkazen (lolcats). E Programméirer vun Honolulu dee virun engem Joer seng Aarbecht verluer hat wosst net vill mat senger neier Fräizäit unzefänken an do huet e bei e Kazebild “I can has cheezburger?” geschriwwen an dat online gestallt. Haut sicht e mol guer net méi no enger neier Schaff, well seng Lolkazewebsäit séchert em säin Akommes méi wéi genuch. Besicht dat Phänomen um Spaweck.
D’Schiite feieren nees Aschura
Posted in Däreges on 23 January 2008 by qwinnEt ass net nëmmen einfach just schéin, mee Gäisselunge sinn en Haaptdeel vun deem wichtegste Ritual am schiiteschen Islam. Ausser e Multikulti-event wier et och e gutt Zeeche vu Respekt wa mer d’nächst Joer keng Chrëschtmaartsbude géifen op der Plëss opstellen, mee wa mer mat de Schiite vu Lëtzebuerg an Ëmgéigend op eiser Plëss Aschura géife feieren. Esouvill Toleranz vis-à-vis vun anere Wäerter muss sinn!
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |
Wann e Witz wouer gëtt
Posted in Däreges, Lëschteges on 22 January 2008 by qwinnJidderee kennt dee Witz vum Mann dee wéinst ze héijer Vitesse vun der Police ugehalen gëtt a säi Führerschäi weise soll.
Mann: Führerschäin? Deen hutt der mer dach virun zwäi Méint ofgeholl!
Seng Fra: Här Polizist, lauschtert net op mäi Mann, e seet ëmmer just Dommheete wann e gedronk huet.
Bouf um hënneschte Sëtz: Wéini gi mer endlech d’Läich an der Mall lass, de Gestank kann ee jo net aushale wann den Auto steet.
Mee de leschte Samschden huet d’Police eng Geschicht misse protokolléieren, déi bal d’selwecht ass (Pressebulletin um Spaweck):
E Mann ass falsch an de Sens unique um leschte Steiwer eragefuer.
Do stéisst e mat engem anere Gefier zesummen.
Den Alkoholtest war postiv.
De Mann hat kee Führerschäin, well en dee fir d’Zäit vum 17.01.2000 bis de 06.01.2029!!! ofgeholl kritt hat.
Et war och guer net säin Auto, e war ouni Accord vum Proprietär dermat ënnerwee.
Just e Cliché?!
Posted in Lëschteges on 22 January 2008 by qwinnDown Under sinn och d’Concerte speziell
Posted in Lëschteges on 21 January 2008 by qwinnInnovativ Instrumenter gebrauche se zu Melbourne, dat muss een hinne scho loossen…
Spongmonkeys - We love the moon
Posted in Lëschteges on 19 January 2008 by qwinnScho relativ al, mee vun Zäit zu Zäit ëmmer nees gutt. Lauschtert um Spaweck.
Spueren am Sand
Posted in Ouni Sënn on 18 January 2008 by qwinnWee soss näischt weess mat senger Zäit unzefänken, dee kann elo op enger onendlecher Plage virtuell Spueren an de Sand trëppele goen. Spadséiert um Spaweck.






