Archive for February, 2008

Onofhängegkeetserklärung

Posted in Däreges on 22 February 2008 by qwinn

Wat de Kosovo kann, dat ka Qwinnstrien scho laang. Heimadder erkläert also Qwinnstrien seng Onofhängegkeet vum Groussherzogtem Lëtzebuerg!

D’Republik Qwinnstrien huet als Iwwergankspresident mat alle Pouvoiren de Qwinn. Déi lëtzebuergesch Verfaassung a Gesetzer ginn op dësen Dag integral vun der Republik Qwinnstrien iwwerholl, bis op déi Punkten an deene presidential Dekreten (wéi dësen Onofhängegkeetsdekret) hinne widerspriechen. D’Bierger vu Qwinnstrien brauche keng Steieren ze bezuelen, si kréien en neie qwinnstriesche Pass ouni Gesiichtsdigitaliséierung oder Späichere vu Fangerofdréck, si kënnen nei Autosplacken ufroen an nei Timberen op hir Bréiwer pechen. De facto hale mer den Euro bei an all lëtzebuergesch Kranken- a Pensiounskeese sinn heimadder vum qwinnstriesche Staat agrééiert. An enger Iwwerganksphas brauchen EU-Bierger, Bierger aus fréiere Sowjetrepubliken a Bierger aus dem fréiere Jugoslawien kee Visum fir a Qwinnstrien anzereesen. Qwinnstrien erkennt de Kosovo ouni eestëmmeg UNO-Resolutioun net un. Qwinnstrien selwer fuerdert dogéint vun der internationaler Staategemeinschaft, vëlkerrechtlech als legitimen a souveräne Staat unerkannt ze ginn.

Windows protegéiert iech géint Windows

Posted in Lëschteges on 11 February 2008 by qwinn

Dat ass och Zäit ginn datt Windows endlech déi gréisste Sécherheetsgefor identifizéiert huet: sech selwer!

20 Unzeechen datt d’Studenteliewen eriwwer ass…

Posted in Ouni Kategorie on 7 February 2008 by qwinn

…an d’battert Erwuesseneliewen ugefaangen huet.

1. All deng Hausplanze si gréng a wuesse gutt, mee du kanns keng dovunner fëmmen.
2. En zweeschléifregt Bett ass normalerweis déi eenzeg Plaz wou s de Sex hues.
3. An dengem Frigo ass méi Kascht wéi Béier.
4. 7 Auer mueres - dat ass d’Zäit wou s de opstees an net wou s de an d’Bett gees.
5. Si spillen däi Lieblingslidd am Lift oder an der Waardeschläif um Telefon.
6. Du kucks d’Wiederprevisiounen op der Tëlee.
7. Déi aner Leit rieden dech all mat “Dir” un an dat kënnt der net bosseg vir.
8. Deng Frënn bestueden sech all der Rei no amplaz stänneg zesummen an nees auserneen ze goen.
9. D’Vakanz ass vun 130 Deeg op 25 reduzéiert ginn.
10. Jeans a Pullover gëllen net méi als “gutt ugedoen”.
11. Du bass deen deen der Police nuets urifft wells de dem Noper seng haart Musek duerch d’Mauer héiere kanns.
12. Du hues keng Ahnung wéini de MacDonalds zoumécht.
13. Du fidders däin Hond no engem wëssenschaftlech ausbalancéierte Regime an net mat Reschter aus dem MacDonalds.
14. Wann s de an der Fotell entjappels dann hues de den Dag drop de Réck wéi.
15. Restaurant a Kino - dat ass schonn d’Erausgoen an net eréischt den Ufank vum Owend.
16. Am rare Fall wou s de awer mol nees d’Nuet duerchgemaach hues kucken dech duerno déif Aereefer am Spigel un.
17. Eng grouss Tut Popcorn bréngt däi Mo an Oprou amplaz en ze berouegen.
18. Du gees an d’Apdikt fir Ibuprofen ze kafen an net Gummien oder e Schwangerschaftstest.
19. 90% vun der Zäit déi s du um Computer verbréngs schaffs de wierklech drop.
20. Du lies dës Lëscht am Hoffes datt s de wéinstens ee Punkt fënns deen net op dech zoutrëfft!

De Paul Hunt um Barren

Posted in Lëschteges on 6 February 2008 by qwinn

Dëse Mansour Bahrami vun der Liichtathletik weess wéi een d’Konscht mécht. Hei ass en ze gesinn bei der 1981 Nadia Tour am Madison Square Garden.

Agefruer

Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 5 February 2008 by qwinn

207 Aktiounskënschtler vum Grupp Improv Everywhere hu sech op der New Yorker Grand Central Station zesummefonnt fir do alleguerten zesummen am selwechten Ablack an hirer Bewegung anzefréieren, grad wéi wann een d’Zäit fir si ugehalen hätt. Eng bosseg Situatioun fir all déi Leit ronderëm déi vun deer Aktioun net um courant waren!


Et ass nach ëmmer Fuesent…

Posted in Lëschteges on 4 February 2008 by qwinn

…an d’Gecke sinn nach ëmmer lass!







Fuesent: Webesch Änder - Rosa Hü

Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 1 February 2008 by qwinn

D’Qualitéit vum Video léisst e wéineg ze wënschen iwwereg, mee an der Fuesent kann een dat alt nach verzeien. Soss lauschtert d’Lidd als Audiostream um Spaweck bei engem bekannte Radiossender.