Archive for the Däreges Category

Onofhängegkeetserklärung

Posted in Däreges on 22 February 2008 by qwinn

Wat de Kosovo kann, dat ka Qwinnstrien scho laang. Heimadder erkläert also Qwinnstrien seng Onofhängegkeet vum Groussherzogtem Lëtzebuerg!

D’Republik Qwinnstrien huet als Iwwergankspresident mat alle Pouvoiren de Qwinn. Déi lëtzebuergesch Verfaassung a Gesetzer ginn op dësen Dag integral vun der Republik Qwinnstrien iwwerholl, bis op déi Punkten an deene presidential Dekreten (wéi dësen Onofhängegkeetsdekret) hinne widerspriechen. D’Bierger vu Qwinnstrien brauche keng Steieren ze bezuelen, si kréien en neie qwinnstriesche Pass ouni Gesiichtsdigitaliséierung oder Späichere vu Fangerofdréck, si kënnen nei Autosplacken ufroen an nei Timberen op hir Bréiwer pechen. De facto hale mer den Euro bei an all lëtzebuergesch Kranken- a Pensiounskeese sinn heimadder vum qwinnstriesche Staat agrééiert. An enger Iwwerganksphas brauchen EU-Bierger, Bierger aus fréiere Sowjetrepubliken a Bierger aus dem fréiere Jugoslawien kee Visum fir a Qwinnstrien anzereesen. Qwinnstrien erkennt de Kosovo ouni eestëmmeg UNO-Resolutioun net un. Qwinnstrien selwer fuerdert dogéint vun der internationaler Staategemeinschaft, vëlkerrechtlech als legitimen a souveräne Staat unerkannt ze ginn.

D’Schiite feieren nees Aschura

Posted in Däreges on 23 January 2008 by qwinn

Et ass net nëmmen einfach just schéin, mee Gäisselunge sinn en Haaptdeel vun deem wichtegste Ritual am schiiteschen Islam. Ausser e Multikulti-event wier et och e gutt Zeeche vu Respekt wa mer d’nächst Joer keng Chrëschtmaartsbude géifen op der Plëss opstellen, mee wa mer mat de Schiite vu Lëtzebuerg an Ëmgéigend op eiser Plëss Aschura géife feieren. Esouvill Toleranz vis-à-vis vun anere Wäerter muss sinn!











Wann e Witz wouer gëtt

Posted in Däreges, Lëschteges on 22 January 2008 by qwinn

Jidderee kennt dee Witz vum Mann dee wéinst ze héijer Vitesse vun der Police ugehalen gëtt a säi Führerschäi weise soll.
Mann: Führerschäin? Deen hutt der mer dach virun zwäi Méint ofgeholl!
Seng Fra: Här Polizist, lauschtert net op mäi Mann, e seet ëmmer just Dommheete wann e gedronk huet.
Bouf um hënneschte Sëtz: Wéini gi mer endlech d’Läich an der Mall lass, de Gestank kann ee jo net aushale wann den Auto steet.

Mee de leschte Samschden huet d’Police eng Geschicht misse protokolléieren, déi bal d’selwecht ass (Pressebulletin um Spaweck):
E Mann ass falsch an de Sens unique um leschte Steiwer eragefuer.
Do stéisst e mat engem anere Gefier zesummen.
Den Alkoholtest war postiv.
De Mann hat kee Führerschäin, well en dee fir d’Zäit vum 17.01.2000 bis de 06.01.2029!!! ofgeholl kritt hat.
Et war och guer net säin Auto, e war ouni Accord vum Proprietär dermat ënnerwee.

Nato-Geheimorganisatioun zu Lëtzebuerg

Posted in Däreges on 15 January 2008 by qwinn

De Schwäizer Historiker Daniele Ganser, Auteur vum Buch “NATO – Geheimarmeen in Europa. Inszenierter Terror und verdeckte Kriegsführung”, erkläert am Revue-Interview, wéi d’Nato d’Geheimorganisatioun Stay-Behind opgebaut huet an och eng Trupp zu Lëtzebuerg op d’Been gestallt huet, déi ë.Ë. an d’Bommeleeër-Affär verwéckelt ass. Liest méi um Spaweck.