Archive for the Lëschteges Category
De Paul Hunt um Barren
Posted in Lëschteges on 6 February 2008 by qwinnDëse Mansour Bahrami vun der Liichtathletik weess wéi een d’Konscht mécht. Hei ass en ze gesinn bei der 1981 Nadia Tour am Madison Square Garden.
Agefruer
Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 5 February 2008 by qwinn207 Aktiounskënschtler vum Grupp Improv Everywhere hu sech op der New Yorker Grand Central Station zesummefonnt fir do alleguerten zesummen am selwechten Ablack an hirer Bewegung anzefréieren, grad wéi wann een d’Zäit fir si ugehalen hätt. Eng bosseg Situatioun fir all déi Leit ronderëm déi vun deer Aktioun net um courant waren!
Et ass nach ëmmer Fuesent…
Posted in Lëschteges on 4 February 2008 by qwinnFuesent: Webesch Änder - Rosa Hü
Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 1 February 2008 by qwinnD’Qualitéit vum Video léisst e wéineg ze wënschen iwwereg, mee an der Fuesent kann een dat alt nach verzeien. Soss lauschtert d’Lidd als Audiostream um Spaweck bei engem bekannte Radiossender.
De Jos Hitler
Posted in Lëschteges on 30 January 2008 by qwinnHarry Enfield
Posted in Lëschteges on 26 January 2008 by qwinnFir gewéinlech schreift ee jo just iwwert en eenzelne Video, dee besonnesch ervirstécht, mee beim Harry Enfield ass d’Wiel einfach ze schwéier, all seng Sketcher si fir sech ze rullen, op d’mannst déi mat méi wéi 10.000 Visiteuren. Kuckt se all um Spaweck.
Lolkazen
Posted in Lëschteges on 25 January 2008 by qwinnEt gëtt der ëmmer méi a se schwätzen e komescht Englesch: Lolkazen (lolcats). E Programméirer vun Honolulu dee virun engem Joer seng Aarbecht verluer hat wosst net vill mat senger neier Fräizäit unzefänken an do huet e bei e Kazebild “I can has cheezburger?” geschriwwen an dat online gestallt. Haut sicht e mol guer net méi no enger neier Schaff, well seng Lolkazewebsäit séchert em säin Akommes méi wéi genuch. Besicht dat Phänomen um Spaweck.
Wann e Witz wouer gëtt
Posted in Däreges, Lëschteges on 22 January 2008 by qwinnJidderee kennt dee Witz vum Mann dee wéinst ze héijer Vitesse vun der Police ugehalen gëtt a säi Führerschäi weise soll.
Mann: Führerschäin? Deen hutt der mer dach virun zwäi Méint ofgeholl!
Seng Fra: Här Polizist, lauschtert net op mäi Mann, e seet ëmmer just Dommheete wann e gedronk huet.
Bouf um hënneschte Sëtz: Wéini gi mer endlech d’Läich an der Mall lass, de Gestank kann ee jo net aushale wann den Auto steet.
Mee de leschte Samschden huet d’Police eng Geschicht misse protokolléieren, déi bal d’selwecht ass (Pressebulletin um Spaweck):
E Mann ass falsch an de Sens unique um leschte Steiwer eragefuer.
Do stéisst e mat engem anere Gefier zesummen.
Den Alkoholtest war postiv.
De Mann hat kee Führerschäin, well en dee fir d’Zäit vum 17.01.2000 bis de 06.01.2029!!! ofgeholl kritt hat.
Et war och guer net säin Auto, e war ouni Accord vum Proprietär dermat ënnerwee.
