Archive for the Natur a Konscht Category

Agefruer

Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 5 February 2008 by qwinn

207 Aktiounskënschtler vum Grupp Improv Everywhere hu sech op der New Yorker Grand Central Station zesummefonnt fir do alleguerten zesummen am selwechten Ablack an hirer Bewegung anzefréieren, grad wéi wann een d’Zäit fir si ugehalen hätt. Eng bosseg Situatioun fir all déi Leit ronderëm déi vun deer Aktioun net um courant waren!


Fuesent: Webesch Änder - Rosa Hü

Posted in Lëschteges, Natur a Konscht on 1 February 2008 by qwinn

D’Qualitéit vum Video léisst e wéineg ze wënschen iwwereg, mee an der Fuesent kann een dat alt nach verzeien. Soss lauschtert d’Lidd als Audiostream um Spaweck bei engem bekannte Radiossender.

7 Meter Pyramid mat Schampesglieser

Posted in Natur a Konscht on 28 January 2008 by qwinn

Dat wier et dach fir e Fuesbal, natierlech mat Schampes dran. Zu Antwerpen am Akafszentrum Wijnegem hu se elo déi héchste Schampesglaspyramid vun der Welt opgeriicht. 7 Meter héich, méi wéi 43.000 Glieser, am ganzen 8,75 Tonne schwéier: Guinness Rekord!